Pierre Thinnes

Pierre Thinnes
Gebuer 13. Juli 1861
Huelmes
Gestuerwen 1. Juli 1914
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer

De Pierre Thinnes, gebuer den 13. Juli 1861 zu Huelmes a gestuerwen den 1. Juli 1914, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen. Hie gouf am Joer 1884 zum Priister geweit an huet uganks zu Diddeleng an duerno zu Dummeldeng gedéngt.

Op Bestriewe vum Hollerecher Paschtouer Mathias Müller krut Bouneweg (dat deemools nach zur Par a Gemeng Hollerech gehéiert huet) 1882 als éischt en eegene Kierfecht an am selwechte Joer och e Lokal an de Gebaier vun der Händschefabrick vum Adolphe Omlor, dat als Noutkapell funktionéiert huet. Vum 1. September 1893 u war de Pierre Thinnes den éischte Kaploun vu Bouneweg.

De 26. Mäerz 1897 huet d'Regierung der Uertschaft Bouneweg eng eege Par zougestanen an nodeem dat den 8. September 1897 vum Bëschof confirméiert gouf, war de Pierre Thinnes vun do un a bis zu sengem Doud den éischte Paschtouer vu Bouneweg.

Éierungen

Fir un de Pierre Thinnes z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 3. September 1959 decidéiert, eng Strooss am Quartier Bouneweg-Süd no him ze nennen: d'Rue Pierre Thinnes[1].

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 29.09.2024.

Information related to Pierre Thinnes

Prefix: a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z 0 1 2 3 4 5 6 7 8 9

Portal di Ensiklopedia Dunia

Kembali kehalaman sebelumnya