Pierre Rumé
De Pierre Rumé, gebuer den 11. Oktober 1919 zu Gouschteng, a gestuerwen 1984, war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker (CSV).[1] Hie war Member vum Gemengerot vun der Gemeng Schëffleng.[1] Den 18. Mäerz 1964 gouf de Pierre Rumé als Deputéierte vereedegt, no deem de Joseph Lommel gestuerwe war, ass hien als éischtgewielte Suppleant vun der CSV aus dem Walbezierk Süden an d'Chamber nogeréckelt.[2] Bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 an de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 gouf hie jeeweils erëmgewielt a blouf bis de 15. Mee 1974 als Deputéierten an der Chamber.[3] BeruffsliewenDe Pierre Rumé huet seng berufflech Carrière als Greffier um Geriicht ugefaangen.[1] Hien huet vun 1947 bis 1953 am Sekretariat vun der CSV geschafft.1953 gouf hie Redakter am Luxemburger Wort an hien ass bis 1972 do bliwwen. Duerno huet hien d'Agence vum Wort zu Esch-Uelzecht geleet.[1] Referenzen
Information related to Pierre Rumé |
Portal di Ensiklopedia Dunia