Roger Leiner
![]() De Roger Leiner, gebuer den 2. Februar 1955 zu Wolz, a gestuerwen den 29. Dezember 2016[1] zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Comicszeechner, Illustrateur a Karikaturist. No sengem Lycée zu Dikrech huet de Roger Leiner op der "Université des Sciences Humaines" zu Stroossbuerg Arts plastiques studéiert. Vun 1979 bis 1986 war hie Staatsbeamten am Wirtschaftsministère. Duerno war hien haaptberufflech Zeechner a Karikaturist. Ufanks vun den 1980er Joren huet hie fir d'Filmrubrik am Tageblatt gezeechent, an zanter dem Dezember 1982 huet en all Woch Karikature fir d'Lëtzebuerger Land[2] gemoolt. Vun 1987 bis 2014 huet hien zesumme mam Lucien Czuga de Superjhemp erausbruecht.
Aner Wierker vun him a vum Lucien Czuga sinn:
Ausserdeem huet de Roger Leinert eng Abberzuel vun Illustratioune fir Pechbiller, Buchcoveren, Schoulbicher, Plakater, Invitatiounen, Reklammen, asw. gezeechent, Hie war bestuet a Papp vun dräi Kanner. Literatur
Unerkennungen![]()
Um Spaweck
Referenzen
Information related to Roger Leiner |
Portal di Ensiklopedia Dunia