Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten
D'Europäesch Konservativ a Reformiste-Partei (en.: European Conservatives and Reformists Party (ECR-Party); fr.: Parti des Conservateurs et Réformistes Européens; de.: Europäische Konservative und Reformer-Partei) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Bis Juli 2019 huet si Allianz vun de Konservativen a Reformisten an Europa a virdrun bis Oktober 2016 Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten geheescht.[1] Si ass europaskeptesch a vertrëtt gesellschaftspolitsch konservativ Wäerter a wirtschaftsliberal Prinzipien. D'ACRE setzt sech deementspriechend aus 18 aneren europäesche Parteien mat enger änlecher Ideologie zesummen, dorënner déi lëtzebuergesch Alternativ Demokratesch Reformpartei, déi brittesch Conservative Party, déi polnesch Prawo i Sprawiedliwość oder déi spuenesch Vox. Zesumme mat Vertrieder vun der Europäescher Chrëschtlecher Politescher Beweegung (ECPM) bilt si d'Fraktioun Europäesch Konservativ a Reformisten. An der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot bilt si zesumme mat de Membere vun der Identitéit an Demokratie-Partei d'Grupp vun den Europäesche Konservativen an Demokratesch Allianz, wou d'ADR zënter 2024 mam Fernand Kartheiser ee Lëtzebuerger Vertrieder huet.[2] Am Europäesche Rot ass d'Partei mam Regierungschef vu Polen vertrueden. 2019 hat d'ACRE 19 Memberparteien aus der EU an 20 aus net EU-Staaten.[3] No den Europawalen 2019 hat d'Fraktioun vun der ACRE 62 Deputéiert, dat sinn 8,26% vun de 751 Membere vum Europaparlament.[4] Nom Brexit sinn déi brittesch Deputéiert ewechgefall. Um Spaweck
Referenzen
Information related to Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten |
Portal di Ensiklopedia Dunia