D'Natalie Wood huet schonn als Kand an Hollywoodfilmer gespillt, a gouf an den 1950er Joren e grousst Teenager-Idol, nodeems se nieft dem James Dean am Rebel without Cause gespillt hat. Fir hir Roll als Judy gouf si fir den Oscar als bescht weiblech Nieweroll nominéiert a krut an där Kategorie e Golden Globe Award.
Hire gréisste Succès am Kino hat se 1961 mat hirer Roll vun der Maria an der Verfilmung vum Leonard Bernstein sengem West Side Story, wou si beim Gesang vun der Marni Nixon gedoubelt gouf.
Si war laang an enger deels stiermescher Relatioun mam Schauspiller Robert Wagner zesummen, respektiv bestuet.
D'Natalie Wood ass bei enger Bootsfaart, bei där hire Mann Robert Wagner an de Schauspiller Christopher Walken derbäiwaren, erdronk.
De Peter Bogdanovich huet hiert Liewen 2004 mat der südafrikanescher Schauspillerin Justine Waddell ënner dem Titel The Mystery of Natalie Wood verfilmt.