D'Karin Dor a méi jonke Joren (1967)
D'Karin Dor , mam biergerlechen Numm Kätherose Derr , gebuer den 22. Februar 1938 zu Wiesbaden , a gestuerwen de 6. November 2017 zu München , war eng däitsch Schauspillerin .
Si ass bekannt ginn duerch hir Rollen an däitsche Kriminalfilmer déi zum gréissten Deel no Romaner vum Edgar Wallace gedréint goufen. Si war och an e puer däitsche Filmer no Bicher vum Karl May ze gesinn. Am Joer 1967 huet si am James Bond Film You Only Live Twice , vum Lewis Gilbert mam Sean Connery an Donald Pleasence eng Haaptroll iwwerholl an 1969 hat si am Alfred Hitchcock Film Topaz eng vun den Haaptrollen.
Si huet an enger 20 Filmer vum Harald Reinl , mat dem si vun 1954 bis 1968 bestuet war, matgespillt. Vun 1988 bis bis zu deem sengem Doud am Joer 2007 war si mam US-amerikanesche Cascadeur George Robotham bestuet.
Filmographie
Kino
vun 1953 bis 1959
vun 1960 bis 1969
vun 1970 bis 1979
vun 1990 bis....
TV
1969: It Takes a Thief , (TV-Serie), Episod: The Three Virgins of Rome vum Jack Arnold - Haaptacteuren: Robert Wagner a Fred Astaire
1970: Ironside , (TV-Serie), 2 Episoden:
Check, Mate and Murder: Part 1 - Regie: David Lowell Rich - Haaptacteuren: Raymond Burr
Check, Mate, and Murder: Part 2 - Regie: David Lowell Rich - Haaptacteuren: Raymond Burr
1970: The F.B.I. , (TV-Serie), Episod: The Target - Regie: William Hale - Haaptacteuren: Efrem Zimbalist Jr.
1974: Hochzeitsnacht im Paradies - Regie: Thomas Engel - Haaptacteuren: Johannes Heesters a Barbara Schöne
1977: Four Against the Desert - Regie: Ivan Tors - Haaptacteuren: Jon Pertwee
1990: Die große Freiheit , (TV-Serie)
1993: Mein Freund, der Lipizzaner - Regie: Franz Antel - Haaptacteuren: Monika Dahlberg a Robert Hoffmann
2001: SOKO 5113 , (TV-Serie), Episod: Ludwig der Letzte
1970: Inga Lindström , (TV-Serie), Episod: Sehnsucht nach Marielund - Regie: Karola Meeder - Haaptacteuren: Eva Habermann
2010: Das Traumschiff , (TV-Serie), 2 Episoden:
Panama vum Karola Meeder - Haaptacteuren: Siegfried Rauch
Indian Summer vum Stefan Bartmann - Haaptacteuren: Siegfried Rauch
Rosamunde Pilcher , (TV-Serie), 3 Episoden:
Um Spaweck