Den Aldo Bolzan gewënnt de 16. September 1951 seng zweet Course bei de Junioren. (GP de la Petite Suisse, organiséiert vum V.S. Iechternach)Aldo Bolzan a Charly Gaul 2003
Hie koum aus enger italieenescher Famill, seng Mamm war vu Siena an der Toskana a säi Papp vun Treviso, wou Pirinello d'Fabréck huet. Hien hat dofir am Ufank déi italieenesch Nationalitéit, gouf awer méi spéit, de 4. Juli1960, als Lëtzebuerger naturaliséiert. Säi geléierte Beruff war Schlässer. Hie gouf am Dezember1959 bestuet an huet ee Meedchen, d'Christiane, dat 1962 op d'Welt koum.
Den Aldo Bolzan huet bis 2008 zu Betteng op der Mess gewunnt. Do gëtt all Joer eng Course gefuer, déi no him benannt ass, de Grand Prix Aldo Bolzan, organiséiert vum L.C. Téiteng mat Ënnerstëtzung vun der Reckener Gemeng. Déi lescht Jore vu sengem Liewen huet hien op der Musel gewunnt.
Sportlech Karriär
Den Aldo Bolzan war vun 1950 bis 1962 bei der U.C. Esch lizenzéiert.
Hie war sechsmol beim Tour de France um Depart an huet der véier dovun zu Enn gefuer.
3. an der Etapp vu St. Nazaire op Royan, hanner dem Italieener Pierrino Baffi an dem Fransous Thomin (d'Nelux Ekipp gewënnt deen Dag d'Manschafftswäertung)