Mëllech a Botter
Mëllech a Botter ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Pierre Bertogne an Alfred Heinen aus dem Joer 1939. An der deemoleger Schreifweis gëtt de Film Möllech a Botter geschriwwen.[2][3][4][5] Ëm wat geet et am Film?De Film sollt de Bauere weisen, wéi se déi bescht Botter a Mëllech produzéiere kéinten, an de Konsumente weisen, wéi gutt d'Produktioun an d'Kontroll vun deene Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ass. E weist Bauerenhäff, déi e Modell fir déi aner Bauere sollt sinn, d'Zuucht an de Traitement vum Véi, d'Produktioun an den Ëmgank mat de Mëllech, d'Produktioun vum Botter, säi Gebrauch a seng Lagerung mat den adequate Maschinnen.[3] Produktioun a PremièreDe Film gouf am Optrag vun der Verkaufsgenossenschaft Luxemburger Molkereien (VGLM) produzéiert, ënnert där hirem deemolegen Direkter Chrétien Angelsberg. Déi éischt Opféierung war am Gemengenhaus vun Dikrech, de 7. September 1939, am Kader vun der "Landwirtschaftlicher Jahrhundert-Ausstellung".[1][2][4][5] De Film ass dem deemolege Landwirtschaftsminister Nicolas Margue gewidmet. Jore méi spéit gouf den Documentaire bei der Luxlait erëmfonnt an 2011 vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) restauréiert, adaptéiert a Musek an e Kommentar derbäigemaach. Déi nei Versioun gouf duerno bei der Première a weideren Opféierunge vun De Bauereblues (2011) gewisen, engem lëtzebuergeschen Documentaire iwwer d'Landwirtschaft.[6][7] Um Spaweck
Referenzen
Information related to Mëllech a Botter |
Portal di Ensiklopedia Dunia